Dat geneet Grënnungsjoer vun der E’slecker Stuff ass onbekannt. No e puer Recherchen konnte mir awer e bëssche Liicht an Donkelt bréngen a schätze d’ Grënnungsjoer op ongeféier 1863.
Eng Tatsaach déi mir awer bestätege kënnen ass dat säit dem Grënnungsjoer “Dikrecher” Béier gezaapt gëtt an domat gehéiert d’Haus och zu deenen eelste Caféen aus dem Land.
Sou huet 1984, d’ E’slecker Stuff zesummen mat der Brauerei hiert 100 jähregt Jubiläum gefeiert. Am Laf vun de Joren huet sech de Betrib, deen Ufanks vun der Koppel David-Michels gegrënnt gouf, vun enger
einfacher klenger Wiertschaft mat Epicerie an zousätzlech engem klenge Bauerebetrib, zu engem Café-Restaurant entwéckelt.
Aus dem klénge Familljebetrib, deen an 100 Joer iwwer d’ Generatiounen David-Michels, Wollf-Michels a Serres-Wolff an de Besëtz vun der Famill Hahn-Serres komm ass, huet den deemolegen Architekt Albert Hahn duerch
ee groussaartegen an aussergewéinlechen Ëmbau e Lokal geschaaft, dat sech séier an eisem Land an iwwer d’ Grenz eraus een Numm gemaach huet.
Vum Éiergäiz ugedriwwen, grënnt den Albert Hahn zesumme mat sengem Bouf, dem Armand, 1986 “d’ Auberge Aal Veinen” zu Veinen, déi bis haut nach am Besëtz vun der Famill ass. Seng Fra Berthe, ville Léit besser
bekannt ënnert dem Numm “Bertchen”, huet och nom Doud vun hirem Mann, bis an d´nonzeger Joren de Betrib erfollegräich weider geleet. No hirem Doud 2002, iwwerhëlt hire Bouf, den Armand Hahn zesumme mat senger Fra Aline d’ Geschäfter.
Haut setzt de Restaurant säi Schwéierpunkt op Fleesch vum Grill an op eng gutt traditionell Kichen a gëtt säit 2019, a sechster Generatioun
vum Steve Martellini weider gefouert.
RÉSERVATIONS
37, am Duerf
L-9841 Wahlhausen
+352 921 621
Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.
Dënschdes a Mëttwochs sinn mir zou